Paramètres
Livraison en 2 à 5 jours ouvrables pour 2,99 €
Livraison en 2 à 5 jours ouvrables pour 8,99 €
Vous venez vous-même chercher le produit dans le magasin, la marchandise est à votre disposition.
Disziplin. Verantwortung. Dankbarkeet. Perséinlech Entwécklung. Gléck. Fënnef Ausdréck, déi am beschte beschreiwen ëm wat et an dësem Buch hei geet.
Mir liewen an enger schwéierer Zäit mat ganz vill Ongewëssheet, Ongerechtegkeet, Angscht a Stress. Eng Pandemie déi hir Spueren hannerlooss huet. Krich an Hongersnout op der ganzer Welt. Energiekris. Aarbechtslosegkeet. Präisdeierecht. Klimawandel. Wie wënscht sech do net, dass sech endlech eppes ännert, sou dass mir erëm kënne glécklech an zefridden duerch eisen Alldag goen?
A genee do läit d’Kromm an der Heck. Mir wëllen, dass d’Ëmstänn sech änneren, sinn awer seele bereet eis als éischt ze änneren. Dëst Buch wäert dir hëllefen, d’Liewen, an alles wat dir passéiert an/oder bis elo passéiert ass, aus engem ganz neie Bléckwénkel ze gesinn. Mat intressante Kuerzgeschichten a positiven Denkimpulser hëlleft dir dëst Buch dobäi, däi Wee an e glécklecht an erfollegräicht Liewen nees ze fannen. Amplaz dech iwwer d’Ëmstänn ze beschwéieren, léier Verantwortung z’iwwerhuelen. Amplaz just heiansdo motivéiert ze sinn, sief Dag fir Dag disziplinéiert. Ersetz Frust, Jalousie an Enttäuschung duerch Dankbarkeet a Léift. Entwéckel dech zu enger Versioun 2.0 vun dir selwer; der beschter Versioun vun dir, déi jee existéiert huet.
Auteur: Bruno Daniel de Pinho
Partager le produit
Rue Glesener 3, L-1631 Luxembourg
Lundi 08:30-18:30
Mardi 08:30-18:30
Mercredi 08:30-18:30
Jeudi 08:30-18:30
Vendredi 08:30-18:30
Samedi 09:00-18:00