Paramètres
Vendu par Ernster Librairie Ettelbrück à Ettelbruck
Livraison en 2 à 5 jours ouvrables pour 8,99 €
ou 6,00 € pour une commande d'un montant minimum de 25,00 €
Livraison en 2 à 5 jours ouvrables pour 8,99 €
ou 6,00 € pour une commande d'un montant minimum de 25,00 €
Livraison en 2 à 5 jours ouvrables pour 8,99 €
ou 6,00 € pour une commande d'un montant minimum de 25,00 €
Livraison en 2 à 5 jours ouvrables pour 2,99 €
ou gratuitement pour une commande d'un montant minimal de 25,00 €
Vous venez chercher vous-même le produit en magasin, la marchandise est à votre disposition dans 4 jours ouvrables.
Mir presentéieren Iech den neien Erzielband Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch vum Guy Rewenig. Et ass déi drëtt Publikatioun an domat den Ofschloss vun enger Serie, déi an eisem Verlag erauskomm ass.Anescht wéi den Här Müller muss de Lieser garantéiert net iwwert säi Schiet sprangen, fir op seng Käschten ze kommen. A senger Sammlung vun eelef Geschichten an Erzielunge weess de Lëtzebuerger Auteur wéi gewinnt ze ënnerhalen, ze beréieren an ze iwwerraschen, dëst mat vill Sproochwitz a Situatiounskomik, engem subtille Spill mam Klischee an absurde Momenter. Et geet dobäi ënner anerem ëm Reiwereie bei der Neijooschdagsfeier, déi logistesch Erausfuerderung vun engem Sonndesausflug, e Wonnerkand, dat net ze zëssen ass, an d'Iddi vu komestibele Bicher. Zesumme stellen d'Geschichten e klenge Panorama vu Lëtzebuerg duer mat skurrillen, verdreemten oder queesche Figuren, déi tëscht Tragik a Komik hin- an hierpendelen. Dobäi ass näischt esou, wéi et ugangs schéngtD'Lektür recommandéiere mir als kleng Erhuelung a Flucht aus dem Alldag, mä, op eege Gefor, och wäermstens als Nuetsdëschlektür. Wisou op eege Gefor? Well:Et gëtt keng Matrass ouni Bettwanzen, sou vill steet fest. Dramatesch ass den Ëmstand, datt d'Bettwanzen ausseruerdentlech virwëtzeg sinn. Hir intellektuell Kuriositéit ass praktesch net ze bremsen, si sprange méi séier an d'Buch, wéi de Lieseret opmaache kann, a wann hie fäerdeg ass mat senger Lektür, huet d'Buch sech an e Bettwanzennascht verwandelt.
Partager le produit
Grand-Rue 46, L-9050 Ettelbruck
Lundi 13:00-18:00
Mardi 09:00-18:00
Mercredi 09:00-18:00
Jeudi 09:00-18:00
Vendredi 08:30-18:00
Samedi 09:00-17:00