Paramètres
Livraison gratuite 1-2 jours ouvrables
Livraison en 2 à 5 jours ouvrables pour 5,50 €
“Wat? Wéi? Wou? Mäi Biller-Lexikon”: Esou heescht dës nei Serie, déi deene jonke Lieser Wierder a Wësse vermëttele soll. An dat op eng spilleresch Aart a Weis: mat groussen an eendeitege Biller, mat kuerzen an einfachen Texter a mat e sëllege stabille Klappen.
„Meng Welt“ ass de Sujet vum éischte faarwege Lexikon-Band, deen déi Plaze beschreift, déi d’Kanner kennen – vun der Schoul bis an de Gaart, vum Buedzëmmer bis an d’Schwämm.
Eng flott Entdeckungsrees mat méi wéi 100 Begrëffer aus dem Kanneralldag, op Lëtzebuergesch! Fir Jonker vun
ongeféier zwee Joer un.
Partager le produit