Luxemburg Logo
Einkaufen in LuxemburgBücher & MedienBücherBelletristikKinderbücher3-6 JahreSchroeder-Hansen A: Dem Hutschy säin Dram (Lëtzebuergesch - Deutsch - Français - English - Português)
FRIEDERICH-SCHMIT JEANNY LUXEMBOURG

Schroeder-Hansen A: Dem Hutschy säin Dram (Lëtzebuergesch - Deutsch - Français - English - Português)

inkl. MwSt., zzgl. Versandkosten

Verkauf durch Librairie Ernster in Luxemburg Stadt

Haben Sie eine Frage zum Produkt? Kontaktieren Sie uns!

Geschenkverpackung verfügbar

Standardversand Deutschland

Lieferung in 2 bis 5 Werktagen für 8,99 €
oder 6,00 € ab 25,00 € Mindestbestellwert

Standardversand Belgien

Lieferung in 2 bis 5 Werktagen für 8,99 €
oder 6,00 € ab 25,00 € Mindestbestellwert

Standardversand Frankreich

Lieferung in 2 bis 5 Werktagen für 8,99 €
oder 6,00 € ab 25,00 € Mindestbestellwert

Versand Xpress Logistics

Lieferung in 2 bis 5 Werktagen für 2,99 €
oder kostenlos ab 25,00 € Mindestbestellwert

Selbstabholung im Geschäft - "Click & Collect"

Sie holen das Produkt im Geschäft selbst ab, die Ware liegt in 4 Werktagen für Sie bereit.

Dieses Element enth├ñlt Daten von externen Anbietern. Sie können die Einbettung solcher Inhalte auf unserer Datenschutzseite blockieren.

Beschreibung

E laange, kale Wanter ass lues op en Enn gaangen an di éischt waarmSonnestralen hun dee leschte Schnéi schmëlze gelooss.Am Päerdsstall huet den Hutchi, e jonkt Fjordpäerd et a senger Box bal net méiausgehalen. Dobaussen huet et sou frësch gericht, an och wann hien de Kapp zurPaart erausgestreckt huet, sou ass him Zäit laang ginn an hien huetongedëlleg mat sengen Hufe widder d'Holz vun der Stalldier getrommelt.Endlech koum seng Meeschtesch, huet d'Dier grouss opgemaach an den Hutchiass op d'Wiss eraus getrappt. Hien huet d'Nüsteren opgeblosen an di frësch Fréijoersloft ageotemt an dunn hueten sech mat Genoss op de Buedem gehäit an am frësche Gras gewänzelt, dattd'Leit déi am Reitstall geschafft a gebotzt hunn, mat der Aarbecht opgehal hunn anhim begeeschtert nogekuckt hunn. Sech esou wänzelen, dat huet nëmmen denHutchi fäerdeg bruecht, well mat senge 7 Joer, war hien sou just kee Fille méi, awere richtege flotte jonke Kadett, deen allerlee Flausen am Kapp hat.Vun elo un, huet seng Mënschefrëndin all Owes, wann si säi sandfaarwegt Fellfäerdeg gebotzt hat a seng beige Mähn schéi glat gekämmt hat, d'Dier vusenger Box opgelooss an den Hutchi konnt selwer decidéiere wéini hien zréck ande waarme Stall wollt goen.De ganzen Dag iwwer ass hien an der Wiss hin an hier getrëppelt an huet sech datfrëscht, säftegt Gras schmaache gelooss. Seng Noperen, di agebilt Reitpäerd hunn hien ausgelaacht, well hien e bëssi méimockeleg an och net sou grouss war wi sie. Mee dat war him ganz egal. Hie konnthiert Getéins iwwert, wien dee gréissten, schéinsten, schnellsten an sou weider,wär, souwisou net ausstoen. Wann sie dorëmmer gedänzelt sinn an sechopgereegt hunn, datt de Maulef rem d'Wiss zerwullt hat a sie gefaart hunn, sigéingen sech d'Bee briechen, konnt hien nëmmen de Kapp rëselen.  Zesumme mam Bianca, engem blonden Haflinger Meedchen, huet den Hutchiseng Ronnen an der Perch gedréit an d'Natur genoss. Sie hunn hier zwouvirwëtzeg Nuesen an all Mauslach oder Maulefskoup gestach a wann se dann humussen néitschen, sech vu Freed gerëselt. Hutchiiii jo hien hat säin Numm netëmsoss!Enges Moies, den Hutchi hat grad en décke Maufel Pissblummen tëschent denZänn, du huet een, vu wäit e komescht Gequaaks héieren. Nee, et ware kengFräschen, mee de Kaméidi koum ëmmer méi no. Verwonnert hun d'Bianca an denHutchi d'Käpp gehuewen a souguer d'Reitpäerd hu mat hiren éiwegenDiskussiounen opgehalen an an den Himmel gekuckt. - Wat war dat do? -  Hin an hier hunn d'Päerd hier Käpp gedréit, bis op eemol d'Bianca ganz uewenhéich am Himmel e Schwaarm Vigel entdeckt hat. D'Päerd hate schonn oft deSpatzen oder de Kueben nogekuckt, wann se hier Konschten am Himmel gemaachhunn, awer dat hei ware vill mi grouss Vigel an si si schéin een hannert deemanere geflunn an eppes wéi e grousse Feil an den Himmel gemoolt. Dobäi hunn seun engem Stéck gequaakt, wi wann se een deem anere géinge soe wou e misst hifléien. D'Reitpäerd hunn sech net weider un deene Vigel intresséiert an och d'Bianca huetsech gläich erëm no frëschem Gras ëmgekuckt, awer den Hutchi war vun deemSchauspill wéi gefesselt. Hien huet alles ronderëm sech vergiess a ganz déif asengem Häerz huet hien eppes ganz Komesches gespiert. wéi d'Vigel scho laangum Horizont verschwonne waren, huet hien ëmmer nach de Kapp an d'Luuchtgestreckt an an den Himmel gekuckt.Wéi Owes seng Meeschtesch koum fir mat him Dressur ze schaffen, war hienëmmer nach ganz onroueg a konnt sech bal net op seng Aarbecht konzentréieren.Seng Frëndin huet gemengt, hien hätt ze vill frëscht Gras gefriess an de Bauch wéia wollt hie fir d'Nuecht an der Box aspären, datt hien e bëssi Zäit hätt fir zeverdauen an säi Mo géing schounen. Awer dunn huet hien sech sou kräfteg gewierta sech mat senge véier Féiss an de Buedem gestäipt, datt hatt e bal net vun derPlatz gezu krut. Souguer säin Zaubermëttel, eng säfteg Muert, huet näischtgedéngt.Hutchi, wat hues du dann? Virwaat bass du sou onroueg? huet d'Meedchen sechgewonnert. Mee wéi den Hutchi rem op der Wiss stoung, du war alles rem an derRei, an d'Meedchen ass berouegt heem gefuer. Deen aneren Dag, den Hutchi huet ganz roueg säi Gras gefriess, du huet hien opeemol opgehale mat knaen, d'Ouere gespëtzt an d'Nues an de Wand gestreckt. Dowar et erëm dat Geräisch vu gëschter, den Hutchi ass em entgéint galoppéiert, bisun de Bord vun der Wiss an huet d'Vigel erbléckst schonn iert seng Kollegen eppesgemierkt haten. De ganze Mëtteg sinn ëmmer erëm nei Schwärm vu Vigel umHorizont opgedaucht a mat vill Kaméidi am Norde verschwonnen, ouni sech emdeen aarmen Hutchi, dee bal keng Zäit mi hat fir ze friessen, ze këmmeren.Souguer Owes wéi d'Sonn schonn ugefaangen huet schlofen ze goen, sinn nachriseg Schwärm vu Vigel eriwwer gezunn. Wéi dem Hutchi seng Frëndin koum vir frëscht Stréi a seng Box ze leeën, si gradrem där Vigel eriwwer geflunn an hatt konnt gesi wéi de

Produktdaten

Produkt teilen

Librairie Ernster

Buchhandlung, Bücher

Rue du Fossé 27, L-1536 Luxembourg

Öffnungszeiten

Montag 09:00-18:30
Dienstag 09:00-18:30
Mittwoch 09:00-18:30
Donnerstag 09:00-18:30
Freitag 09:00-18:30
Samstag 09:00-18:30

Große Auswahl für leidenschaftliche Leser
Dieses Element enthält Daten von Google Maps. Sie können die Einbettung solcher Inhalte auf unserer Datenschutzseite blockieren.
Google Maps öffnen
Ihre Fragen & Notizen