Einstellungen
Geschenkverpackung verfügbar
Lieferung in 2 bis 5 Werktagen für 2,99 €
Lieferung in 2 bis 5 Werktagen für 8,99 €
Sie holen das Produkt im Geschäft selbst ab, die Ware liegt für Sie bereit.
D’Geschicht vun engem klenge Geescht, deen einfach anescht ass: rosa, léif an och e bësse fäertereg … De bekannten an erfollegräiche Kannerbuch-Auteur Guido Van Genechten seet iwwer seng Geschicht:
Viru laanger Zäit, wéi ech mat mengen Elteren a Schottland an der Vakanz war, sinn ech an engem ale Schlass dem Gubi begéint. Hien huet mir seng Geschicht erzielt, déi ech bis haut net vergiess hunn. „Geeschter gëtt et just am Guido senge Bicher“, huet mäi Papp eemol gesot. Dofir wollt ech, esou vill Joer méi spéit, e Buch schreiwen. E Buch fir an och iwwer de Gubi. Op déi Manéier lieft de Gubi éiweg weider.
En häerzlecht Billerbuch vum Guido Van Genechten iwwer e ganz spezielle Geescht, deen einfach e bëssi anescht ass … a mat deem d’Kanner immens frou sinn. Déi éischt Oplo op Lëtzebuergesch war bannent engem Joer ausverkaaft, ma zanter Mëtt Mäerz 2022 ass d’Buch nees ze kréien! Uuuuuuuuu … Juhuuuuuuu …
Et ass iwweregens och perfekt fir bei d’Trauliicht (Halloween)!
Fir brav an net esou brav Kanner vu 4 Joer un.
Guido Van Genechten
De Geescht Gubi
ISBN 978-2-919781-26-3
16 €
Produkt teilen
Route de Trèves 16, L-6793 Grevenmacher
Montag 14:00-18:00
Dienstag 09:00-12:00, 14:00-18:00
Mittwoch 09:00-12:00, 14:00-18:00
Donnerstag 09:00-12:00, 14:00-18:00
Freitag 09:00-12:00, 14:00-18:00
Samstag 09:00-18:00