Einstellungen
Geschenkverpackung verfügbar
Kostenlose Lieferung 1-2 Werktage
Lieferung in 2 bis 5 Werktagen für 5,50 €
De Sandmännche geet a seng wuelverdéngte Pensioun. Seng Duechter, d'Sandmeedchen, iwwerhëllt de Betrib a street elo all Owend de Kanner op der ganzer Welt Sand an d'Aen. Esou kënne se gutt schlofen a schéin dreemen.
Mee dem Sandmeedche seng Kusin, d'Nuecht, ass traureg a fillt sech eleng. Wa si owes kënnt, leien d'Kanner scho laang am Bett. Wéi wir et, wann d'Nuecht einfach dem Sandmeedche seng Posch mam Sand géif verstoppen?
Op der Sich no de Kanner hire verschwonnen Dreem muss d'Sandmeedchen iwwer d'Wolleke reesen ...
Dëst Buch ass dat éischt lëtzebuergescht AR-Buch (augmented reality, also erweidert Realitéit) fir jidderen ab 4 Joer. Fir d'Biller lieweg ze maachen, kënnt Dir d'App "rotondes.lu/sandmeedchen" eroflueden.
Produkt teilen