Paramètres
Livraison en 2 à 5 jours ouvrables pour 8,99 €
ou 6,00 € pour une commande d'un montant minimum de 25,00 €
Livraison en 2 à 5 jours ouvrables pour 8,99 €
ou 6,00 € pour une commande d'un montant minimum de 25,00 €
Livraison en 2 à 5 jours ouvrables pour 8,99 €
ou 6,00 € pour une commande d'un montant minimum de 25,00 €
Livraison en 2 à 5 jours ouvrables pour 2,99 €
ou gratuitement pour une commande d'un montant minimal de 25,00 €
Vous venez chercher vous-même le produit en magasin, la marchandise est à votre disposition dans 4 jours ouvrables.
Vun Dréischel bis Kréischel: Band 3 vum Lëtzebuerger WuertschatzIerzen a Muerten, Rousemaräin an Teimerjännchen, Wakelter, Mais a Majiskraut: De Band 3 vum Lëtzebuerger Wuertschatz presentéiert 294 lëtzebuergesch Bezeechnunge fir Uebst- a Geméiszorten, fir Kraider, Gewierzer an Nëss. Dat ass natierlech just eng Selektioun, mee déi meescht Zorten, déi ee kann iessen an déi et hei am Gaart oder am Buttek gëtt, fënnt een an dësem drëtte Band vun der beléifter Serie, schreift den Educatiounsminister Claude Meisch an der Preface. Vun Absinth bis Zwiwwel geet de Planzentour, op deem ee bekannten Nimm wéi Äerdbier, Gromper a Promm gradesou begéint wéi méi ale lëtzebuergesche Bezeechnungen à la Meekraitchen. Natierlech dierfen dBettseechesch- an dMauséiercherszalot net feelen an och méi exotesch Friichte wéi dMango an dMaracuja gehéieren an de Sproochentuttifrutti.DBegrëffer ginn alphabetesch opgelëscht dës Kéier souguer a sechs Sproochen: Nieft dem lëtzebuergeschen Numm gëtt et och deen däitschen, dee franséischen, deen engleschen an dee portugiseschen an déi wëssenschaftlech, latiniséiert Bezeechnunge ginn och nach ernimmt.Och eng Rëtsch flott Riedensaarten aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire sinn am Buch ze fannen a ginn doran erkläert: Den Apel fält net wäit vum Bam, wat e Kabes, dat ass dKiischt um Kuch, rout ewéi eng Tomat ... Nach eng Kéier de Claude Meisch: Esou Spréch an Ausdréck sinn dSalz an der Sproochenzopp an och dSalz selwer dierf natierlech net bei de Gewierzer feelen, et kënnt eeben op dMëschung un. Loosst Iech se gutt schmaachen!
Partager le produit
Grand-Rue 46, L-9050 Ettelbruck
Lundi 13:00-18:00
Mardi 09:00-18:00
Mercredi 09:00-18:00
Jeudi 09:00-18:00
Vendredi 08:30-18:00
Samedi 09:00-17:00