Settings
Sale by Librairie Ernster in Luxembourg city
Gift wrapping available
Delivery in 2 to 5 working days for 6.00 €
Delivery in 2 to 5 working days for 6.00 €
Delivery in 2 to 5 working days for 6.00 €
Free delivery 5-6 working days
You pick up the product in the store itself, the goods will be ready for you in 4 working days.
De Pir Kremer, dat ass e Stéck Lëtzebuerg. Fir demAuteur säin 100. Gebuertsdag beliicht dëse Katalogzur Ausstellung Pir Kremer - ZesummegePIKtes d'Liewenan d'Wierk vun deem Auteur, deem seng Stëmm wuelwéi keng aner d'Lëtzebuerger Radio- aSproochelandschaft gepräägt huet. De Katalogproposéiert e Réckbléck op dem Auteur säi Liewen,op seng villfälteg Theaterproduktiounen (Revuen,Lidder, Sketcher), seng Radios- anTelevisiounsemissiounen (Um Staminet,Lauschterstécker a Radiosrevuen) an op säi Schafenals Satiriker. E bitt doriwwer eraus eng originell Vueop manner bekannte Facettë vun der PerséinlechkeetPir Kremer, wéi z. B. seng Aktivitéit alsPublicitéitstexter fir bekannte Lëtzebuerger aninternational Marken a seng Zesummenaarbecht matverschiddene Plackelabelen.Den Auteursfong mat der CNL-Referenz L-406, deen zu Miersch am Literaturarchiv läit, weist déienorm Produktivitéit, déi de Pir Kremer un den Dag geluecht huet: Esou fanne mir hei ënnertanerem Manuskripter an Typoskripter, Photoen, Programmen an aner Materialien zu deverschiddene Revuen, de Lidder, de sëllege Sketcher, de Staminet-Texter an denTelevisiounsemissiounen. Dës Publikatioun erméiglecht domat en Abléck a bis ewell nach nigewisen Dokumenter, léisst dem Pir Kremer seng Frënn a Coauteuren zu Wuert kommen avermëttelt unhand vu Biller, Stëmmen an Texter déi besonnesch Atmosphär vum Phänomeen PirKremer.Beim Katalog läit eng CD dobäi, déi de Centre national de l'audiovisuel produzéiert huet. Ze héiheresinn Originalbäitreeg a Lidder a nei Vertounungen vum Georges Urwald.Am Katalog ginn et Bäitreeg ze liese vum Pascal Seil, Sarah Rock a Claude Mangen souwéiInterviewen, déi de Frank Grotz mat den Zäitzeien Danielle Straus-Kremer, Tilly Jung, Emely CaoFoubert, Frank Feitler an De Läb gefouert huet.
Share product
Rue du Fossé 27, L-1536 Luxembourg
Monday 09:00-18:30
Tuesday 09:00-18:30
Wednesday 09:00-18:30
Thursday 09:00-18:30
Friday 09:00-18:30
Saturday 09:00-18:30