Settings
Delivery in 2 to 5 working days for 2.99 €
Delivery in 2 to 5 working days for 8.99 €
You pick up the product in the store yourself, the goods are ready for you.
Extrait:
D’Lou huet moies d’Riddo vun der Fënster opgezunn an deen éischte Moment näischt méi gesinn. Alles war wäiss dobaussen. Wéi hatt méi genee gekuckt huet, huet et gesinn, datt dat Wäisst Millioune vu Schnéiflacke waren, déi d’Landschaft virun der Fënster an eng wäiss Märchewelt verwandelt hunn.
„Endlech Schnéi!“, huet d’Lou geruff a vu Freed an d’Hänn geklappt. Dee ganze Wanter hat hatt op Schnéi gewaart, mee et war ëmmer gro a reenereg dobausse gewiescht.
Séier wéi de Blëtz huet hatt sech ugedoen an ass d’Trapen erofgelaf. Bei der Hausdier stoung d’Lilly, dem Lou säi klengen Hond, schonn op hatt ze waarden.
„Lilly, et schneit“, huet d’Lou geruff.
Geschriwwen a faarweg illustréiert vum Renée Weber.
© 2022 · Op der Lay s.à.r.l.
Share product
Rue Glesener 3, L-1631 Luxembourg
Monday 08:30-18:30
Tuesday 08:30-18:30
Wednesday 08:30-18:30
Thursday 08:30-18:30
Friday 08:30-18:30
Saturday 09:00-18:00