Settings
Delivery in 2 to 5 working days for 2.99 €
Delivery in 2 to 5 working days for 8.99 €
You pick up the product in the store yourself, the goods are ready for you.
D’Sandmeedchen ass dat éischt lëtzebuergescht AR-Kannerbuch. AR steet fir Augmented Reality, also fir erweidert Realitéit. Fir dʼBiller lieweg ze maachen, brauch de Lieser eng App.
De Sandmännche geet a seng wuelverdéngte Pensioun. Seng Duechter, d’Sandmeechen, iwwerhëlt de Betrib a street elo all Owend de Kanner op der ganzer Welt Sand an d’Aen. Esou kënne se gutt schlofen a schéin dreemen.
Mee dem Sandmeedche seng Kusin, d’Nuecht, ass traureg a fillt sech eleng. Wa si owes kënnt, leien d’Kanner ëmmer scho laang am Bett. Wéi wier et, wann d’Nuecht einfach dem Sandmeedche seng Posch mam Sand géif verstoppen? Op der Sich no de Kanner hire verschwonnenen Dreem muss d’Sandmeedchen iwwer d’Wolleke reesen …
Text: Yorick Schmit
Illustratiounen: Dirk Kesseler
Share product
Rue Glesener 3, L-1631 Luxembourg
Monday 08:30-18:30
Tuesday 08:30-18:30
Wednesday 08:30-18:30
Thursday 08:30-18:30
Friday 08:30-18:30
Saturday 09:00-18:00