Settings
Do wou eng Zäitche keen doheem ass, sinn d’Mais op emol Här a Meeschter. An bekannterweis verkommen net nëmme d’Gebaier, wa se net bewunnt sinn! Och mir komme séier op den Hond, iwwerall do wou mir d’Kontroll verléieren. Wat sinn dat dach fir skurril Situatiounen, déi mir am Alldag erliewen, wann déi neuronal Schaltzentral duerch iergendeppes ausser Betrib geréit.
A genee aus sou Beobachtungen a perséinlechen Erfarungen eraus huet Tri2Pattes erëm ee fonkelneien Comedy-Programm zesumme gesponnen (elo ëmmerhi schonn déi 3. Editioun!).
Dobäi bleiwen si sech ganz trei mat ganz eegene Mix vu Sketcher, Standup, Clownerie, Musek a villem méi.
Also eng ‘Affaire à suivre! An een eendeitegen ‘Avis aux amateurs du rire’!
Et sief och hei dorun erënnert, dat Tri2Pattes de Benefiss vun hirer Tournée och des Kéier erëm integral un d’Associatioun ‘EBS Luxembourg’ spent, also fir domat de Bau vu Schoulen an defavoriséierte Géigenden vum Senegal ze ënnerstëtzen!
Zielgruppe: Für alle Altersgruppen
Tags: [theater.lu], Cube 521
Preise:
- Groupe: 17,00 €
- Plein: 20,00 €
- Moins de 26 ans: 10,00 €
Now easy online shopping in Luxembourg city. Here you can buy products from vendors in Luxembourg cheap online or get information about opening hours of stores, vendors and service providers. Many current articles wait in the store for your order. Shopping with same day delivery possible.