Paramètres
Emballage cadeau disponible
Livraison gratuite 1-2 jours ouvrables
Livraison en 2 à 5 jours ouvrables pour 5,50 €
„D’Geschicht vun der Faarfdrëps an der Schnéiflack“ erzielt vun engem magesche Moment an enger spezieller Frëndschaft. En ongewéinlecht Mäerche fir Kanner an eng poetesch Libesgeschicht fir Erwuessener, duergestallt duerch apaart Zeechnungen a filigran Ornamenter am Pabeier.
D’Buch ass vu vir a vun hannen ze liesen: Dat eent ass d’Geschicht vun der wäisser Flack, dat anert déi vun der schwaarzer Drëps an an der Mëtt kommen di Zwee zesummen.
D’Zeechnungen an d’Illustratioune stame vun der Simona Mulazzani, déi zu de bekannten Illustratorinnen an Italien zielt an och schonn international Präisser fir hir Wierker kritt huet.
Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Christiane Kremer.
Partager le produit