Einstellungen
Lieferung in 2 bis 5 Werktagen für 2,99 €
Lieferung in 2 bis 5 Werktagen für 8,99 €
Sie holen das Produkt im Geschäft selbst ab, die Ware liegt für Sie bereit.
Vun Dréischel bis Kréischel: Band 3 vum Lëtzebuerger WuertschatzIerzen a Muerten, Rousemaräin an Teimerjännchen, Wakelter, Mais a Majiskraut: De Band 3 vum Lëtzebuerger Wuertschatz presentéiert 294 lëtzebuergesch Bezeechnunge fir Uebst- a Geméiszorten, fir Kraider, Gewierzer an Nëss.
Dat ass natierlech just eng Selektioun, mee déi meescht Zorten, déi ee kann iessen an déi et hei am Gaart oder am Buttek gëtt, fënnt een an dësem drëtte Band vun der beléifter Serie, schreift den Educatiounsminister Claude Meisch an der Preface.
Vun Absinth bis Zwiwwel geet de Planzentour, op deem ee bekannten Nimm wéi Äerdbier, Gromper a Promm gradesou begéint wéi méi ale lëtzebuergesche Bezeechnungen à la Meekraitchen. Natierlech dierfen d'Bettseechesch- an d'Mauséiercherszalot net feelen an och méi exotesch Friichte wéi d'Mango an d'Maracuja gehéieren an de Sproochentuttifrutti.
D'Begrëffer ginn alphabetesch opgelëscht dës Kéier souguer a sechs Sproochen: Nieft dem lëtzebuergeschen Numm gëtt et och deen däitschen, dee franséischen, deen engleschen an dee portugiseschen an déi wëssenschaftlech, latiniséiert Bezeechnunge ginn och nach ernimmt.
Och eng Rëtsch flott Riedensaarten aus dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire sinn am Buch ze fannen a ginn doran erkläert: Den Apel fält net wäit vum Bam, wat e Kabes, dat ass d'Kiischt um Kuch, rout ewéi eng Tomat …
Produkt teilen
Rue Glesener 3, L-1631 Luxembourg
Montag 08:30-18:30
Dienstag 08:30-18:30
Mittwoch 08:30-18:30
Donnerstag 08:30-18:30
Freitag 08:30-18:30
Samstag 09:00-18:00