Einstellungen
Lieferung in 2 bis 5 Werktagen für 2,99 €
Lieferung in 2 bis 5 Werktagen für 8,99 €
Sie holen das Produkt im Geschäft selbst ab, die Ware liegt in 3 Werktagen für Sie bereit.
Extrait:
Soubal wéi d’Jan den Typ am Bus erbléckst, decidéiert hatt, him nozegoen, obwuel et guer net déi Zort Typ ass, där hatt normalerweis gär nogeet. Normalerweis, also hatt seet normalerweis, sicht hatt sech léiwer Leit aus, déi op d’mannst ee Kapp méi grouss si wéi hatt, well déi verléiert een einfach net esou séier aus den Aen, an et gëtt een hinne manner Grond, fir sech iergendwéi ugegraff ze fillen.
Den Typ, deen hatt sech deen Dag am Bus eraussicht, huet ongeféier seng Gréisst, mee dofir huet hien e massiven, faarwege Kopfhörer op den Oueren, deen hien op d’mannst ee Kapp méi grouss wierke léisst. Hatt ass no genuch dru fir festzestellen, dass hien no Seef richt, mee net fir ze héieren, wat fir eng Musek a senge Kopfhörer spillt.
Gewënner vum 1. Präis am Concours Littéraire National 2021
Auteurin: Claudine Muno
© 2022 · Op der Lay s.à.r.l.
Produkt teilen
Rue Glesener 3, L-1631 Luxembourg
Montag 08:30-18:30
Dienstag 08:30-18:30
Mittwoch 08:30-18:30
Donnerstag 08:30-18:30
Freitag 08:30-18:30
Samstag 09:00-18:00