Einstellungen
Lieferung in 2 bis 5 Werktagen für 2,99 €
Lieferung in 2 bis 5 Werktagen für 8,99 €
Sie holen das Produkt im Geschäft selbst ab, die Ware liegt für Sie bereit.
1973. De Kommandant vun der Gendarmerie Brigade Rued-Sir Dominique Franck gëtt op Ouschtersonndeg moies fréi a sengem Büro opfonnt, mat enger Kugel am Kapp. Et schéngt ee sëffegen Owend gewiescht ze sinn, déi selwer gebrannte Mirabell steet nach um Dësch, grad wéi dräi Glieser. Am Nopeschhaus gëtt een anere Gendaarm fonnt, deen ze déif an d’Glas gekuckt hat a kuerz drop an e Koma fält. Vun deem Drëtten an der Ronn feelt all Spur.
Wien huet den Ofzuch gedréckt? Dat muss dem Kapitän Fischbach seng Equipe elo rausfannen, ouni dobäi un d’Ëffentlechkeet ze goen – ee Gendaarm erschoss, een aneren am Koma, dat wier e Skandal fir déi ganz Gendarmerie.
De Jean Schoos huet am Virfeld vill iwwer déi historesch Realitéiten zu Lëtzebuerg recherchéiert, a léisst esou eng spannend Mëschung aus Fakten a Fiktioun a seng Kriminalgeschicht afléissen.
Produkt teilen
Rue Glesener 3, L-1631 Luxembourg
Montag 08:30-18:30
Dienstag 08:30-18:30
Mittwoch 08:30-18:30
Donnerstag 08:30-18:30
Freitag 08:30-18:30
Samstag 09:00-18:00