Einstellungen
Lieferung in 2 bis 5 Werktagen für 2,99 €
Lieferung in 2 bis 5 Werktagen für 8,99 €
Sie holen das Produkt im Geschäft selbst ab, die Ware liegt für Sie bereit.
Schwätzt Dir Lëtzebuergesch? ass den Titel vum neie lëtzebuergesche Léierbuch, dat den Institut national des langues (INL) an Zesummenaarbecht mat auswäertegen Experten ausgeschafft huet. Dat neit Léierbuch adresséiert sech virun allem un Erwuessener, déi nach kee Lëtzebuergesch schwätzen an déi e Lëtzebuergeschcours besichen, fir d'Sprooch ze léieren.D'Theme vum Buch spriechen e breede Public un a bidden eng gutt Virbereedung op Alldagssituatiounen an engem nationale Kontext. Land, Fester a Feierdeeg, Lëtzebuerger Spezialitéiten oder bekannte Lëtzebuerger ginn dem Apprenant an deene verschiddene Kapitele méi no bruecht.D'Buch entsprécht dem Niveau A1 vum Gemeinsamen Europäesche Referenzrahme fir Sproochen (GERS) a vermëttelt Kenntnisser an alle véier Kompetenzen: Héierverstoen, Liesverstoen, mëndlechen a schrëftlechen Ausdrock. Den Haaptaccent läit awer op der mëndlecher Kommunikatioun.D'Audiomaterial, d'Léisunge vun den Exercicer an d'Zousazmaterial fir d'Enseignante stinn online zur Verfügung (http://sdl.inll.lu).
Produkt teilen
Rue Glesener 3, L-1631 Luxembourg
Montag 08:30-18:30
Dienstag 08:30-18:30
Mittwoch 08:30-18:30
Donnerstag 08:30-18:30
Freitag 08:30-18:30
Samstag 09:00-18:00