Einstellungen
Geschenkverpackung verfügbar
Kostenlose Lieferung 1-2 Werktage
Lieferung in 2 bis 5 Werktagen für 5,50 €
Eng Kanoun ënnerwee, am Wanter 1593. E fréiere Kanonéier huet den Holläner se gegrapst, wéi se drop an dru sinn, Dikrech z’iwwerfalen. Hie fënnt, si kënnt gradesou gutt deenen Dikrecher bäisprangen, fir op d’Hollänner ze baatschen. Mat senger Freiesch a mat där Houser Klouschterkutsch kritt en d’Geschëtz iwwer allerhand Ëmweeër op d’Plaz. Just zur Zäit.
No “Alle véierzéin” (Nummer 6) an “Déi Säit dem Scheet” (Nummer 8) ass “D’Hobitz” (Nummer 9) ewell déi drëtt Publikatioun vum Alain Atten an der Serie Kremart Kanephora. Illustréiert gouf si op en Neits vum Luana Maggipinto. Erzielt gëtt d’Novell an der Sprooch vun der Mëttelsauer.
Produkt teilen