Einstellungen
De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen komme vun hire Reesen nees zeréck op Lëtzebuerg and let me tell you: Si si wibbeleg ! Aus de ganzer Welt hunn se Lidder matbruecht, di di kleng Piraten un d'Wibbele kréien : Danzen, sprangen, sangen...Haaptsach gutt Laun.
Och d'Madame Li wëll, dass hir Matrousenband eppes fir d'Figur maachen a nees gutt fit an a Form sinn.
Di erfollegräich Iddi, fir flott Lannerlidder an e neie Mäntelchen ze stiechen, Rock a Pop Songs kannergerecht an op Lëtzebuergesch ze bréngen, kritt en zweeten Deel. Kommt, sangt a danzt mat eis, Ei, dat gëtt e Spaass!
Iddi, Konzeptioun a Gesang: Dan Tanson
Arrangementer, Piano, Akkordeon a Klackespill: Georges Urwald
Arrangementer, Elektronik a Getrommels: Max Sauber
Gittar: Christian Peckels
Bassgei: Tom Wiot
Trompett: Jhang Kohnen
Gei a Gesang: Noémie Leer
Saxophonen: Jessica Quintus
Trombonn: Patrick Wilhelm
Gebärden: Véronique Steinmetz
Tountechnik: Georges Majerus
Luucht: N.N.
Produktioun: AllerRetour asbl & Philharmonie Luxembourg
Koproduktioun: Théâtre d'Esch, Centre culturel régional Aalt Stadthaus Diffredange
Jetzt einfach online in Luxemburg Stadt shoppen. Hier kaufen Sie Produkte von Händler aus Luxemburg günstig online ein oder können sich über Öffnungszeiten der Geschäfte, Händler und Dienstleister informieren. Viele aktuelle Artikel warten im Shop auf Ihre Bestellung. Shopping mit luxemburgweiter Lieferung, Lieferung nach Deutschland, Belgien, Frankreich und Niederlande* oder mit Click & Collect möglich. *Falls vom Händler angeboten